Fänken mier mol mat der wichtegster Fro un: Wien fennt nach datt “Viva la Vida” sou ongefeier deen schlemmsten Titel ass fir en Album wann en net grad Ricky Martin heescht??

3 Joer also huet et gedauert bis datt Coldplay mat neiem Material rem do sin. D’Betounung läit op nei, well Chris Martin an Co sech mat desem Album vill neies trauen an menger Meenung no och komerziell domadder op d’Nues faalen. Daat soll net heeschen datt Viva la Vida schlecht ass, just datt X&Y mei potenziell Singles haat an datt hier aal Lidder wei gemaach dofir waren fir an groussen Stadien gespillt ze gin.
Den Sound ass….bombastesch. Sträicher, Glacken, Choeur, Pauken, Bléiser, Ethno-Instrumenter : Häerz waat begiers du? Produzeiert gouf daat ganzt bekanntlecherweis vun Brian Eno an Marcus Dravs (arcade fire). Violet Hill, Viva la Vida an 42 sin déi Nummeren dei eraus stiechen, zesummen mat engem instrumental (!!) Opener. D’Musik bléift trotzdem awer emmer simpel an agreabel. Dass Coldplay fir desen Album och plus ou moins offensischtlech bei aaneren Groussen geklaut hun fällt net an d’Gewicht an ass warscheinlech och daat bescht waat hinnen konnt gescheien. Well nemmen sou war et meiglech net emmer rem Lidder wei Clocks oder Yellow ze schreiwen. An nemmen sou war et meiglech sech vun der Laacht vun X&Y ze befreien. D’Single Violet Hill ass mat daat bescht waat den Chris Martin bis lo geschriwen huet, en speziell hei heiert een den Anfloss vun den Beatles (Abbey Road).
Dat ass nemmen ee schlëmmen Titel, wann ee net wees wou en hierkennt. “Viva la vida” ass den Titel vun engem Bild vun der mexikanescher Kënschtlerin Frida Kahlo (http://en.wikipedia.org/wiki/Frida_Kahlo).
Mir gefällt Violet Hill éierlech gesot am mannsten op der neier CD. Mee mäi léiwste Coldplay ass souwisou nach emmer Shiver (wat och vläit dru läit dass et dat éischte war, dat ech Enn der 90er vun hinnen héiren hunn). Do kann de Martin och maache wat e wëll, dorunner kënnt e fir mech net méi run.
Trotzdem, Viva la vida fannen ech wäitaus méi gelongen wéi X&Y (deen ech guer net gären hunn) an, wann et och net ebenbürteg ass, kënnt et awer un d’Qualitéit vu Parachutes erunn.
Bon, also Frida Kahlo hin oder hir, Viva la Vida ass trotzdem nach emmer en schlemmen titel…
A méngen Aan (oder besser Oueren) huet Viva La Vida awer durchaus d’Zeugs duerfir, e Klassiker ze gin, eent vun deene Lidder, di an 20 Joer vläit net mi fuerchtbar berühmt sin, mee awer trotzdem oft um Alldagsradio laafen.