22
Apr
08

The Gutter Twins – saturnalia

      Wann et sou eppes wei Schicksal gett, dann hun ech daat erliewt wou ech desen Album kaaft hun. Kuerz: ech krut se méi oder manner ennert d’Nues geriwen mat der Fro: “Waat hälls de vum Mark Lanegan?” Elo secher nach mei wei zu Zäiten vun Screaming Trees…
Zur Info: den Mark Lanegan ass haaptsächlech bekannt duerch seng 90er Band Screaming Trees an duerch seng Matarbescht um Queens of the Stone Age Album Songs for the Deaf, an och duerch onendlech vill Zesummenarbeschten (Isobel Campbell, Twilight Singers) an Solo-Performances.
Zesummen mam Greg Dulli (Afghan Whigs) gett et zanter e puer Méint dann deen neisten Projet: The Gutter Twins
 Saturnalia kann een mat rouegem Gewessen net nemmen als gelongen bezeechenen, mee och als mei wei nemmen gudd.  All déi Emo-Bouwen mat Maskara and Eyeliner – dei mettlerweil déi éischt Reihen vum Rock-Zirkus besetzen - hun nemmen een Zingtel vun der Hell gesin dei des 2 gesin hun. Lanegan an Dulli brauchen net vill Fantasie fir vun Doud an Verzweiflung ze schreiwen: sie hun alles schon erliewt. An deem Senn ass dest eng CD gin, déi net mei glaafwierdeg, mei “true” kéint sin.
 Saturnalia ass eng däischter an dreckeg Entdeckung vum Mensch ouni d’Hoffnung ganz ze verléieren, erzielt duerch d’Aen vun gequälten Séilen. Claustrophobesch, tight, minimalistesch, opulent. Soulaagn ech nach net wees wei deen neien dEUS Album klengt, ass daat heiten fir mech den beschten Album vum Joër. 


1 Response to “The Gutter Twins – saturnalia”


  1. April 22, 2008 at 9:00 pm

    Endlech mool nach een deen iwwer Musék blogt! :)


Leave a Reply