Archive for April 9th, 2008

09
Apr
08

Rock a Field – Update

   Wei lo just op enger net all zevill serieux’er Säit ze liesen ass, kann de lëtzebuerger Public sech nach méi op den Rock a Field fréen… Den Peter D., Sänger vun den Babyshambles, muss fir 14 Wochen an den Prison. Ween net well rechnen: daat ass bis Ufank Juli. Demno däerf den Atelier eng 3. Kéier annoncéieren dass den Optrëtt vun den Babyshambles deen jo eigentlech schon fir Januar geplangt war, rem muss annuléiert gin. Viraus gesaat den Peter D. muss déi ganz 14 Wochen och ofsëtzen an gett net fréizäiteg entlooss…
   Ganz éierlech: iergendwei hun mir dach all domadder gerechent, dass se rem ofsoën,nee? Also ech hun keen Problem domadder, an hoffen datt fir de Fall wou sie ofsoën (waat offiziell nach net geschitt ass), en Ersatz fonnt gett deen net sou den Geck mat den Leit mecht wei des Band (respektiv des Persoun).

09
Apr
08

Rock a Field 2008 – part 2

   

    Den Line-Up vum Rock a Field ass also lo komplett. Fir den 21. Juni kennen d’Leit sech nach fréen op Anti-Flag, We are Scientists an Eternal Tango als eenzeg lëtzebuergesch Grupp.

   Domadder ass den Line-Up fir mech perséinlech schon mol besser gin. Trotzdem muss ech soen dass ech nach emmer enttäuscht sin. Wann ech mir unkucken wien d’lescht Joër zu Réiser gespillt huet ( Killers an Queens of the Stone Age), an daat dann vergläichen mat The Verve an Babyshambles… Naja. Ech kann mir och net virstellen datt genau souvill Leit wei 2007 den Wee “an den Besch” fannen, oder souguer nach méi.
Egal, ech fréen mech dann eben op eng hoffentlech gudd Stemmung an op We are Scientists déi eng wirklech gudd Live-Band sin (am November 2006 zu Bréissel gesin), an op bessi gudden Punk-Rock mat Anti-Flag. 

  An wei dier gesidd loung ech dernierft mat mengem Tip… Dann vläit d’nächst Joër!