13
Mar
08

Rock a Field 2008 – Part 1

    Den Atelier huet haut dei éischt Nimm genannt dei dest Joer wäerten zu Réiser um Rock a Field spillen. Do drängt sech bei villen Leit direckt d’Fro op: Spillen Mando Diao och eng Keier an zwouch anescht wei zu Lëtzebuerg? Ech wees jo net wei eng Grupp den Rekord vun Concert’en bei eis hällt, mee ech geing soen datt d’Schweden net wäit dovunner ewesch sin fir deen ze knacken. Wann ech mech net ieren wier daat deen 4. Optrëtt innerhalb vun manner wei 3 Joer (??)… Egal, sie wessen wei en Stemmung mecht.

 

                                  Mando Diao -  Down in the Past (Live)  

   Soit, ech warden nach op en Headliner, well The Verve an Babyshambles kann jo nach net alles sin. Mäin Tip: The Chemical Brothers. Jo, an dann ass och rem mat letzebuergescher Musek ze rechnen am “Virprogramm”.


3 Responses to “Rock a Field 2008 – Part 1”


  1. March 13, 2008 at 8:36 pm

    Nix waat mech emrappt, bis elo. An Mando Diao soll jo anscheinend grausam schlecht gewierscht sin d’lescht Joer?
    Schued iwregens daat den RAF nach emmer en Daagesfestival ass. Do kéint dach méi dran sin.

  2. 2 tom
    March 13, 2008 at 11:10 pm

    Also ech hun sie dei 2 Keieren am Atelier gesin an et kann e wirklech net soen datt sie do schlecht waren. Dei Keier um RAF haat ech sie awer just verpasst (d’Wieder huet jo net sou matgespillt)an hun nemmen daat lescht Lidd matkritt. Trotzdem hun ech duerno awer keen begéint deen de Concert schlecht fonnt huet. Wonnert mech e bessen datts du daat heieren hues. Mee egal, les goûts et les couleurs…
    Dass et nach emmer nemmen een Daag dauert ass normal, et ass reischt dei 3. Editioun an fir eppes an der Gréisstenuerdnung vun 2-3 Deeg ze man, daat bracuh nach eng gudd Zäit. Obwuel natirlech en Festival iwert puer Deeg wirklech genial wier fir daat klengt Land. Dann geing ech awer eng aaner Location sichen, well déi Wiss ass wirklech net den Hummer…

  3. March 14, 2008 at 6:07 pm

    Mando Diao sinn net genial, mee live awer guer net schlecht.

    Mee ech ginn awer dovun aus, dass The Verve headlinen, se si jo och Headliner bei T in the Park, dem V Festival an sëllechen anere Plazen.


Leave a Reply