Ech soen et direckt wei et ass: ech hun d’Stereophonics einfach gäer. Meng Erwaardungen waren demno och zimlech héich wou bis eraus komm ass datt sie géingen an d’Kufa kommen. Mee ganz éierlech, 38 €…?! Wei passend dach, dass se 2 Deeg drop op Bréissel kommen, fir baal 1/3 manner vum Atelier-Präis. Meng Decisoun war séier geholl: 3. März, Kelly Jones a Co. zu Bréissel!
An enger ausverkaftener AB ass et um 20h lass gangen mat Hero, eng onbekannt Virgrupp dei och onbekannt wäert bleiwen. Well ongeféier sou stellen ech mier daat fir wann den Sänger vun Right Said Fred mengt hien misst opemol Rock machen, amplaatz vun deem Euro-Dance mat deem hien bekannt gouf. Do nëtzt et och net vill wann een probéiert mat Cliché-Rock-Riffs, enger heavy – bassline an Geknupps probeiert d’Leit z’animéieren. Beim Merchandise-Stand huet een sech dann trotzdem eng gratis CD vun hinnen geholl. Vläit kann en déi jo nach als Frisbee gebrauchen…
Um 21h ass et dunn awer lass gangen mat den ‘phonics. Liederjacket, Sonnenbrell, Stiwelen, Rock’n Roll. Alles passt. Passend zu engem Méindenowend hun se dann och mat Bank Holiday Monday ungefangen an sin dunn queesch duerch hieren Répertoire gefuer, vun all Album en bessen, sou gudd wei all Hit gespillt, eng Solo-Performance bei Maybe Tomorrow, an no 95min. dunn als Schluss nach Dakota. Erstaunlecherweis hun se relativ wéineg vum leschten Album, Pull the Pin, gespillt. Warscheinlech well sie angesin hun dass et hier bis lo schwächsten CD ass?!
Am Zäitalter wou den NME leider d’Soen huet wien elo “in” ass an ween net, wou dei meescht nei Saachen mech einfach nemmen nach zu doud langweilen, ass et dach iergendwei paradoxe wann eng Grupp wei d’Stereophonics richteg erfrëschend wierkt. Mee wei gesot, ech hun sie eben deck gäeren an daat ass meng Meenung.
Desen Concert huet op allefall daat bestätegt waat een alt emmer rem sou héiert: Sie gehéieren einfach zu den beschten Live-Bands op der Welt. Daat hun ech 2003 um Rock am Ring fir d’éischt konnten feststellen, an deser Iwerzeegung sin ech elo nach méi.
“Drinking is my business. Business is good. Cheers!” (Kelly Jones)
Setlist: (wann een sech dofir interesseiert)
Bank Holiday Monday
Bartender and a thief
Local Boy in a Photograph
Superman
Two Times Vegas
Devil
Pass the Buck
I wouldn’t believe your Radio
It means nothing
Pick a Part that’s new
Mr. Writer
Just Looking
My friend
Deadman
Traffic
More Life in a Tramp’s Vest
A 1000 trees
————————-
Maybe Tomorrow
Roll up and Shine
Dakota
0 Responses to “Stereophonics @ Ancienne Belgique, Bruxelles”