Archive for March, 2008

13
Mar
08

Rock a Field 2008 – Part 1

    Den Atelier huet haut dei éischt Nimm genannt dei dest Joer wäerten zu Réiser um Rock a Field spillen. Do drängt sech bei villen Leit direckt d’Fro op: Spillen Mando Diao och eng Keier an zwouch anescht wei zu Lëtzebuerg? Ech wees jo net wei eng Grupp den Rekord vun Concert’en bei eis hällt, mee ech geing soen datt d’Schweden net wäit dovunner ewesch sin fir deen ze knacken. Wann ech mech net ieren wier daat deen 4. Optrëtt innerhalb vun manner wei 3 Joer (??)… Egal, sie wessen wei en Stemmung mecht.

 

                                  Mando Diao -  Down in the Past (Live)  

   Soit, ech warden nach op en Headliner, well The Verve an Babyshambles kann jo nach net alles sin. Mäin Tip: The Chemical Brothers. Jo, an dann ass och rem mat letzebuergescher Musek ze rechnen am “Virprogramm”.

04
Mar
08

Stereophonics @ Ancienne Belgique, Bruxelles

 Ech soen et direckt wei et ass: ech hun d’Stereophonics einfach gäer. Meng Erwaardungen waren demno och zimlech héich wou bis eraus komm ass datt sie géingen an d’Kufa kommen. Mee ganz éierlech, 38 €…?! Wei passend dach, dass se 2  Deeg drop op Bréissel kommen, fir baal 1/3 manner vum Atelier-Präis. Meng Decisoun war séier geholl: 3. März, Kelly Jones a Co. zu Bréissel!

Continue reading ‘Stereophonics @ Ancienne Belgique, Bruxelles’