26
Feb
08

D’Musikszene zu Letzebuerg – Eng Momentopnahm

     Samschden, 16. Februar 2008, Hollerecher Strooss. Eng Mass vun Leit dréckt sech an dee Sall eran deen schon souvill gudd Concert’en gesin huet. Dei éischt Virgrupp spillt, d’Leit fänken un mam Kapp mat ze goën, gin lues an lues emmer besser drop. Bei der 2. Virgrupp flippen dei 2 fiischt Reihen aus, d’Stëmmung kann baal net besser gin. De Sall ass schon voll, an de Balcon gett opgemeet fir dass d’Leit mei Plaatz hun, mee och deen ass séier sou gudd wei voll. An beim Main-Act gett matgesongen, gedanzt, geklappt, Zugabe geruff, eng Well vun Euphorie geet duerch d’Leit…

 

     Lo freet een sech natirlech: Wei ee Concert war daat dann? Ma daat war d’CD-Release vun Versus You, eng letzebuergesch Grupp. An dei Virgruppen waren och letzebuergesch, Babyoil an Eternal Tango. An alleguerten hun se dierfen am Atelier spillen, do wou et nach nie een rengen letzebuergeschen Owend gouf. Offiziell huet den Atelier iwer 900 Leit gezielt, an wou ech mier all dei Leit sou ungekuckt hun, konnt ech net anescht wei mer d’Fro ze stellen: Ass et der Letzebuerger Musikszene (also “Rock”) je besser gangen? Ass elo den Moment vum Duerchbroch endlech do?

 

     Wei kënnt et also datt no souvill Joeren, wou et als letzebuerger Musiker schwéier war un een “grand-public” ze kommen, et elo opemol méiglech ass virun engem baal ausverkaaftenem Atelier ze spillen? Waat huet sech geännert datt een an de Schoulen, de Weekend an der Stadt mee souguer am Ausland ënnert de letzebuerger Studenten, T-shirts an Kaapen gesäit vun Versus You, Eternal Tango (kuerz ET), Extinct, dEFDUMp,…?

 

 

     Als aller éischt ass et zum groussen Deel Chance, mat der richteger Musik, zur richteger Zäit ze kommen. Den Nerv vun der Zäit treffen eben. Et kéint een och soen dass et einfach nemmen “in” ass, eng “Fashion”-saach. Rockmusik machen an lauschteren ass den Trend am Moment, wei et schon laang net mei de Fall war. Eng Grupp wei ET  mat hierem “Emo-Rock” (ech hassen deen Begreff), spillt genau daat waat d’Leit wellen héieren. Mee daat kann och rem séier eriwer sin an biergoof goen, sou wei et der nationaler Punk-Szene an hieren Bands gangen ass, dei mëttlerweil nemmen nach virun hallef eidelen Säll spillen; Säll dei virun 6,7 Joer nach baal voll waren.
     All dei Joeren virdrun huet di Letzebuerger Musikszene richteg Underground-méisseg fonktioneiert, daat heescht datt nemmen dei Leit dei sech derfir interesseiert hun, och wossten waat leeft. An elo, lues a lues, huet sie sech erop geschafft an d’Leit dei net “an der Szene” sin kommen och lo an Contact mat hinnen. Gruppen wei ET an Vs.You hun an deenen leschten 12 Méint einfach souvill Concert’en gespillt datt et schweier war hieren Numm net anzwouch ze liesen. Do muss ech awer och soen dass d’Kulturjoer en groussen Deel derzou bäigedroen huet, well vill Gruppen sou d’Chance haaten am noen Ausland ze spillen an och heiheem einfach mei gelaaf ass an punkto Organisatioun vun Concert’en. En plus gesäit een, wei gesoot, iwerall hieren Merchandise ronderem laafen. Du muss dech eben vermarkten an publicitéit fir dech man fir op ze faalen.
     Et ass och genau des Vermarktung dei sou wichteg an einfach ass wei nie virdrun. An Zäiten vun YouTube an Myspace geet et einfach mei schnell fir kennen eng Fan-Basis op ze bauen zum Beispill. Vill Gruppen verbrengen Stonnen an Stonnen nemmen domadder, fir Unfroen ze schreiwen fir Concert’en am Ausland ze spillen, fir mat hierer CD bei engem Label enner Daag ze kommen, fir bei eng Tour-Booking Firma enner Vertrag geholl ze gin… Den Austausch tëscht Produzent an Client ass nach mei direckt gin doduerch fir et mol wirtschaftlesch ze soën. Den ganzen Myspace-Phänomen hei, ass jo speitstens zanter den Arctic Monkeys, Kate Nash & Co. gewosst. Et ass einfach nemmen den Beweis datt et net nemmen am UK, mee och zu Letzebuerg klappt, wann och an aaneren Dimensiounen. Ween mier et net gleewt, deen soll einfach nemmen eng Kéier op eng vun deenen villen Siten vun letzebuerger Gruppen goen.
     Dobäi kennt, datt e groussen Deel och Eldoradio ze verdankenass, déi ”eis” Gruppen einfach pushen,pushen, d’Leit derzou opfuederen dach endlech eppes anescht ze wielen an hierem Chartbreaker wei Die Ärzte, an Music Made In Luxembourg dach mol d’Nummer 1 an Nummer 2 beléen ze lossen (Witzeg ass daat dann, wann daat genau deen Daag vun der Vs You Realease geschitt, sou wei  Samschdes den 16. Februar…). An engems iwerschneiden sech d’Zielgruppen sou vun Eldoradio an der Majoritéit vum (Rock)Fan. Dei 2 kennen also dovunner profitéieren.
     Mäin leschten ass deen wichtegsten Punkt deen een nie däerf aus den Aen verléieren: et ass einfach nemmen gudd Musik! Et bleiwt vläit eng Affaire de goût, mee trotzdem kann een net soen dass zB dei Bands déi deen Samschden gespillt hun, schlecht wieren.

 

     Ech well op desem Punkt un 2 Saachen erënneren. Daat ass mol datt mer virun engem décken Joër schon eng Kéier sou e Phänomen mat der letzebuerger Musik haaten (ech schwätzen vun self-made Rock-Musik, net vum Monica, Fausti oder dem rosa Hü); eng Band déi och vum Eldo ennerstëtzt gouf an och do ganz héich am Chartbreaker stoung: Holy National Victims. Och si haaten eng gudd besichten Release am Melusina, gudd CD Kritiken, hun als Support am Atelier gespillt fir Mando Diao, Sugarplum Fairy an waren do fir vill Leit mei interessant wei den Hapt-Act. Et ass also net wéi wann ET an Vs You elo Pionéier wieren am Business. 

     An dann muss een nach soen datt een zu Letzebuerg mettlerweil vill mei Ennersteztung kritt wann een well Musik maachen. Do wier zB d’Rockhal  dei - och wann se bei wäitem net perfekt ass - e puer mol am Joer reng letzebuergesch Festival’en vun 1-2 Deeg organiseiert (Sonic Faces,….) an hinnen Prouwraim an e Studio zur Verfügung stellt. (D’Ennerstetzung geet souguer souwäit dass d’Rockhal no enger gewesser Zäit dodrobber drängt fir richteg professionell un d’Saach erun ze goen an dofir ze suergen, sech e Manger un ze léen – wei ze liesen war am Telécran vun virun puer Wochen). 
     Eben grad duerch hier vill Optrëtter op sou Festival’en kann eng Band mat hierer Musik et fäerdesch bréngen d’Leit sou ze iwerzégen datt se genau sou Fan vun hinnen gin, wei se et vläit bei iergendwelchen groussen, ausländeschen Major-Gruppen sin. A wann mier dann nach feststellen datt di 2 Festivalen vum Joer 2007 an hierem Line-up der Musik aus dem Grand-Duché  eng Chance gin, waat well en dann do nach meckeren? (Ok, fir daat elo dann nach ze relativéieren: Waat de Rock a Field betrefft an den Emgang mat ”eisen” Bands, do gin et eenzel Punkten dei een kann kritiseieren. Mee egalwei, et ass e Schratt an dei richteg Richtung). Ech errenneren och lo drun datt Versus You um Rock a Field schon geint 13h gespillt hun. Laang éiert dei meeschten Leit iwerhaapt do waren. An iergendwei haat ech den Androck wei ennert den Leit bei hinnen mei Stemmung gewierscht wier, wei duerno bei den Helium-Rocker vun Billy Talent, wou ganz kloer vill mei Leit do waren… (eng Meenung dei och vill aner Leit haaten). Ech gin souguer souwäit an soen, Versus You waren besser wei d’Kanadier.

 

     An daat mussen déi Hären Loschetter an Bartz och gemierkt hun. Net nëmmen datt den Atelier hinnen lo d’Chance gin huet fir hinnen deen eenzegen Club an der Stadt (d:qliq zielt net als Club) zur Verfügung gestalt huet, mee et gesäit een och dass den Atelier d’Zeechen erkannt huet an elo endlech och méi op Letzebuerg setzt. Dei meescht Virgruppen am Atelier sin mettlerweil jo national Musiker, waat virun e puer Joer nach net de Fall war. An esou kennt et datt mier an engem halwen Joër, déi 3. Zesummenarbescht vun Atelier an Versus You gesin hun.

 

     Et ass kuerz no 00.15h an Versus You klammen vun der Bühn. Dem Bassist säin “Merci, dier sidd génial” héiert een baal net ennert all deem Gejäiz, Geklapps an Gepäifs. Dei 4 Bandmemberen kommen aus dem Grinsen net méi eraus. Duerno ass nach eng After-Party fir 10 Joër Olliewood ze feieren, mee déi interesséiert déi mansten an bleiwt och manner an Erënnerung wéi dei 3,5 Stonnen déi virdrun waren. Sou eppes ass et einfach zu Letzebuerg nach nie gin.

     T42, Jimmy Martin, Gentle MC’s, Thorunn, Toxic René… Gott sei Dank ass daat net alles waat mier op Lager hun. Leider ass et awer alles waat dee greissten Radio vum Land kann/well laafen lossen. Dei vun der Telé sin do scho gaaaaaanz en bessen mei liberal. Soit, daat ass en anert Thema.
     Komm mir stempelen daat Kapitel vun der letzebuerger Musiks-History einfach als (hoffentlech) Vergangenheet of an gewinnen eis un déi nei Leit, un nei Nimm. Leit déi et faerdeg bréngen den Atelier un d’Kachen ze bréngen, déi Open-Air am Summer deenen “Groussen” an näischt nostinn. Komm mir ennerstëtzen an kafen CD’en an Merchandise vun Gruppen wéi Eternal Tango, Versus You, Holy National Victims. Dess Leit sin nemmen d’Spetzt vum Äisbierg: Miaow, Miaow hun och schon vun sech héieren geloss (ennert aanerem e genialen Opener fir Sparta den 1. Dezember 07 am Atelier), Extinct (waren den Ost-Block läschten Summer rocken), LaFa Connected, dEFDUMp, Mutiny on the Bounty, Fast Friday, Claudine Muno an mäin Tip fir dei nächst Méint : Metro mat neiem Material…
     Et deet sech villes an der Musik an ech betounen et emmer rëm gäeren: et deet sech vill GUDDES(!!). All Mensch kennt Letzebuerg fir hier Handvoll exzellent Jazz-,an Klassikmusiker. Et geet elo Zäit datt eis “musique amplifiée” och deen Respekt kritt deen sie sech erschafft huet. D’Jugend accordéiert hinnen deen Respekt zu mei wei 100%. Bleiwt elo just nach of ze warden op den Rescht vum Land daat och nach mëcht.
     Wann net lo, weini soss?


8 Responses to “D’Musikszene zu Letzebuerg – Eng Momentopnahm”


  1. February 26, 2008 at 6:42 pm

    Gudden text… kommen muer nach eng kéier rem. hun lo keng zait eppes gescheites ze posten! ;)

  2. March 6, 2008 at 3:50 pm

    Dem text ennerstezen ej 100%.Dat ass woua dass et biegerop geht,mee et muss en io bedenken dass nach ema vill letzeboieg Bands (well net werbung fier meng Band machen) en anstennegen Prouwsaal sigen an neicht fannen,well nach ema en klengen ennerstez fehlt.
    Merci fier den text,an weida eis iwwa eist musikkultuer informeieren.

  3. March 10, 2008 at 11:47 am

    An lo hat ech geduecht et wier en Kommentar zum Tokio-Hotel Concert! ;)

  4. March 11, 2008 at 7:26 pm

    strawdog: Esou vill Ennerscheeder gin et do jo och erem net :-P

    Interessant. Ech fannen et awer schued daat en wichtegen Akteur fir d’Promotion vun letztebuerger Bands emmer erem vergiess ged. Um Radio ARA laafen esou vill verschidden letz. Artisten wéi soss néirens, an net nemmen an mengen ouren weichgespülten Emopop à la ET an VY. Daat verschidden Gruppen um Eldo laafen ass jo souwait ech wees greisstendeels e puer Connections ze verdanken an net enger “mir maachen letz. Musek bekannt”-Attitude. (Sie maachen trotzdem hiren Deel. Ech muss daat jo net gudd fannen.)

    Vlaischt sin déi Gruppen, vun denens du schwärms, am Mainstream unkomm. D’Fro ass awer elo, ob een daat gudd soll fannen oder net.

  5. 5 fella
    March 12, 2008 at 3:38 pm

    Ech sin der Meenunug dat den succès deen déi momentan lëtzebuerg’ “Rockszene” (Versus you, Eternal Tango & co) (zourecht) genéisst, zum groussen Deel dorop zeréck geet dat sech virun 5-6 joër Strukturen an der “Underground Szene” gebillt hun déi den Erfolleg vun denen besoten Artisten haut réicht erméiglechen.
    Well fir all erfollegréich Entwecklung brauchs de eng zolidd Basis, an genau déi gouff an deenen leschten Joeren (ennert aanerem vun Musékskollektiver wéi Schalltot&Co opgebaut.
    Dofir fannen ech et haut e bessen schued dat elo d’venues wéi den Atelier oder d’Rockhall an den Himmel gelueft gin, déi um Erfolleg éichter profitéieren wéi dat se dozou beigedroen hun.
    Annererséits kann ech mech nach gutt drun erenneren wou ech mir bei minus 10 grad zu Athus am Marignan (mat +- 10 aaneren Spektateuren;) den Arsch oofgefruet hun, fir eng “gutt Band” (onofhängeg vun der Nationalitéit ze gesinn.
    Do fannen ech schon méi cool fir Minus the Bear oder Portugal. the Man, Mutiny on the Bounty, Miaow Miaow asw, an engem guttbesichten Atelier unzekucken.

  6. March 27, 2008 at 6:41 pm

    ech wees et kënt spéit, an et as an kengem Sënn géint den Verfasser geriicht, mé ech wël jhust eng aner Siicht duerstellen:

    Radio: net nëmmen den ARA, mé och den 100,7 hun schon laang virun Eldo&Co vil fir lëtzebuergech Musik gemaach.

    Engagement vun Rockhal an Atelier: ech sin och éichter der Menung dass sie méi vum momentanen “Emo-Rock” (ech kann den Begrëff mëttlerweil och netméi ausstoen) Hype profitéiren. Et waren di kleng Collectiver an di kleng onscheinbar Venues denen d’Basis ze verdanken as. An et as mer opgefall, dass virun allem d’lëtzebuerger Metalszen net genugh vun genannten Acteuren ënnerstëtzt gët (also dat as méng subjektiv Opfaassung).

    Bands: ech denken dass ET, VY an HNV méi séier méi bekannt gin sin wéi anerer well sie méi en largen Public unschwätzen.

    Venues: ech vermëssen den Marignan souvil dass et wéihdeet, an ech hun fonnt dass d’Concerten do öfters méi direkt-erliewbar an intensiv waren wéi an den verhältnisméisseg groussen Säll. Mé déi hun widerum den Virdeel dass méi Leit lauchtren kommen kënnen. Mé do sin d’Ticketen och oft ze deier. Et huet halt séng Vir- an Nodeeler.

    An eppes positives zum Ofschloss: toll, dass de deen Blog hei opgemaach hues! :)


Leave a Reply