Archive for February, 2008

26
Feb
08

D’Musikszene zu Letzebuerg – Eng Momentopnahm

     Samschden, 16. Februar 2008, Hollerecher Strooss. Eng Mass vun Leit dréckt sech an dee Sall eran deen schon souvill gudd Concert’en gesin huet. Dei éischt Virgrupp spillt, d’Leit fänken un mam Kapp mat ze goën, gin lues an lues emmer besser drop. Bei der 2. Virgrupp flippen dei 2 fiischt Reihen aus, d’Stëmmung kann baal net besser gin. De Sall ass schon voll, an de Balcon gett opgemeet fir dass d’Leit mei Plaatz hun, mee och deen ass séier sou gudd wei voll. An beim Main-Act gett matgesongen, gedanzt, geklappt, Zugabe geruff, eng Well vun Euphorie geet duerch d’Leit…

 

Continue reading ‘D’Musikszene zu Letzebuerg – Eng Momentopnahm’

18
Feb
08

Here we go!

Nodeems ech mer et net einfach gemeet hun andeems ech soulaang domadder geward hun fir endlech eppes ze schreiwen, hun ech lo endlech d’Zäit mee och dei neideg Internetverbindung fir des Säit ze starten…

Conceptless – oder dach? gett an deenen nächsten Deeg lues an lues opgebaut. Den Titel, fals en sech daat lo schon sollt froen, gett nach mei wei wahrscheinlech geännert. Ech waert daat reischt am laaf vun deenen eischten Posts gesin. Mee fir de Moment bleift et mol sou.

Waat ech awer scho kann verspriechen sin verschidden Punkten op dei ech waert ze spriechen kommen:
  – Musik: Concert’en, Album Reviews, generell Themen

  – Film 

  – an sämtlech Dommheeten dei mer an de Kapp kommen

 

Wiem daat lo schon zevill ass, daerf gaeren rem op youtube zreck goen an sech fir d’100. unkucken wei  eng Moderatorin während enger Call-in Sendung sech iwergett.