Aus zäitlech Grenn lisst mäin Artikel iwert Letzebuerg Privat an den Jean Nicolas nach op sech waarden.
An der teschenzäit léen ech Ierch desen Artikel un d’Haerz
Aus zäitlech Grenn lisst mäin Artikel iwert Letzebuerg Privat an den Jean Nicolas nach op sech waarden.
An der teschenzäit léen ech Ierch desen Artikel un d’Haerz
Et war relativ roueg dei läschten zäit hei op desem blog. Ech hoffen dann mol dass ech daat rem kann änneren. Desen Post soll och eischter eng amuse-bouche sin fir eppes waat an nächster Zäit waert kommen: en klengen Bericht iwert dei meescht gehassten Persoun vun Letzebuerg an deen meescht gehasstenen “Journalist” aus Europa; op Knokke oder an den Ikea op Sterpenich kann en net mei goen; mee en huet alt e puer Zeitungen – ehm,bon hien nennt seng Editiounen mol sou….soit -, eng Show um .dok an eng Piscine fir seng Employé’en…. Voila, et waert also em den Jean Nicolas goen. Mei Détailler geschwenn. Dann kennt mol rem bessen Text heihinner. Dofir soen ech: Merci, Här Nicolas!
Den Blog heescht jo Conceptless, also schreiwen ech lo mol nach seier eppes heihinner waat guer näischt mat Musik ze dinn huet…an zwar Fussball. Hei also puer Gedanken zur Euro 2008:

- Ech hoffen Italien AN Frankräich fléien den Owend eraus
- Holland spillt den beschten Fussball
-en Match dauert 90 Minuten an um Enn gewannen emmer d’Türken
- den Günther Netzer ass den drechensten Mensch op der Welt – an wees et
- d’Reklamm vun Nike (Take it to the next level) gett nie langweileg an ass wirklech,wirklech genial (en plus mat cooler Musik vun Eagles of Death Metal)
- den ofiziellen Spot/Trailer vun der UEFA fir d’EM deen virun,no an souguer während (Halbzeit) dem match leeft, nervt onmosseg.
- zu Breissel wunnen vill Portugiesen dei schéngen all en Auto ze hun…ALL !!!
Sou an als Warm-Up fir den Match vun den Owend ass hei nach en klengen Promo Video vun Luca Toni an Frank Ribéry
Fänken mier mol mat der wichtegster Fro un: Wien fennt nach datt “Viva la Vida” sou ongefeier deen schlemmsten Titel ass fir en Album wann en net grad Ricky Martin heescht??

3 Joer also huet et gedauert bis datt Coldplay mat neiem Material rem do sin. D’Betounung läit op nei, well Chris Martin an Co sech mat desem Album vill neies trauen an menger Meenung no och komerziell domadder op d’Nues faalen. Daat soll net heeschen datt Viva la Vida schlecht ass, just datt X&Y mei potenziell Singles haat an datt hier aal Lidder wei gemaach dofir waren fir an groussen Stadien gespillt ze gin.
Den Sound ass….bombastesch. Sträicher, Glacken, Choeur, Pauken, Bléiser, Ethno-Instrumenter : Häerz waat begiers du? Produzeiert gouf daat ganzt bekanntlecherweis vun Brian Eno an Marcus Dravs (arcade fire). Violet Hill, Viva la Vida an 42 sin déi Nummeren dei eraus stiechen, zesummen mat engem instrumental (!!) Opener. D’Musik bléift trotzdem awer emmer simpel an agreabel. Dass Coldplay fir desen Album och plus ou moins offensischtlech bei aaneren Groussen geklaut hun fällt net an d’Gewicht an ass warscheinlech och daat bescht waat hinnen konnt gescheien. Well nemmen sou war et meiglech net emmer rem Lidder wei Clocks oder Yellow ze schreiwen. An nemmen sou war et meiglech sech vun der Laacht vun X&Y ze befreien. D’Single Violet Hill ass mat daat bescht waat den Chris Martin bis lo geschriwen huet, en speziell hei heiert een den Anfloss vun den Beatles (Abbey Road).
Wann et sou eppes wei Schicksal gett, dann hun ech daat erliewt wou ech desen Album kaaft hun. Kuerz: ech krut se méi oder manner ennert d’Nues geriwen mat der Fro: “Waat hälls de vum Mark Lanegan?” Elo secher nach mei wei zu Zäiten vun Screaming Trees…
Zur Info: den Mark Lanegan ass haaptsächlech bekannt duerch seng 90er Band Screaming Trees an duerch seng Matarbescht um Queens of the Stone Age Album Songs for the Deaf, an och duerch onendlech vill Zesummenarbeschten (Isobel Campbell, Twilight Singers) an Solo-Performances.
Zesummen mam Greg Dulli (Afghan Whigs) gett et zanter e puer Méint dann deen neisten Projet: The Gutter Twins.
Continue reading ‘The Gutter Twins – saturnalia’
Wei lo just op enger net all zevill serieux’er Säit ze liesen ass, kann de lëtzebuerger Public sech nach méi op den Rock a Field fréen… Den Peter D., Sänger vun den Babyshambles, muss fir 14 Wochen an den Prison. Ween net well rechnen: daat ass bis Ufank Juli. Demno däerf den Atelier eng 3. Kéier annoncéieren dass den Optrëtt vun den Babyshambles deen jo eigentlech schon fir Januar geplangt war, rem muss annuléiert gin. Viraus gesaat den Peter D. muss déi ganz 14 Wochen och ofsëtzen an gett net fréizäiteg entlooss…
Ganz éierlech: iergendwei hun mir dach all domadder gerechent, dass se rem ofsoën,nee? Also ech hun keen Problem domadder, an hoffen datt fir de Fall wou sie ofsoën (waat offiziell nach net geschitt ass), en Ersatz fonnt gett deen net sou den Geck mat den Leit mecht wei des Band (respektiv des Persoun).
Den Line-Up vum Rock a Field ass also lo komplett. Fir den 21. Juni kennen d’Leit sech nach fréen op Anti-Flag, We are Scientists an Eternal Tango als eenzeg lëtzebuergesch Grupp.
Domadder ass den Line-Up fir mech perséinlech schon mol besser gin. Trotzdem muss ech soen dass ech nach emmer enttäuscht sin. Wann ech mir unkucken wien d’lescht Joër zu Réiser gespillt huet ( Killers an Queens of the Stone Age), an daat dann vergläichen mat The Verve an Babyshambles… Naja. Ech kann mir och net virstellen datt genau souvill Leit wei 2007 den Wee “an den Besch” fannen, oder souguer nach méi.
Egal, ech fréen mech dann eben op eng hoffentlech gudd Stemmung an op We are Scientists déi eng wirklech gudd Live-Band sin (am November 2006 zu Bréissel gesin), an op bessi gudden Punk-Rock mat Anti-Flag.
An wei dier gesidd loung ech dernierft mat mengem Tip… Dann vläit d’nächst Joër!
Den Atelier huet haut dei éischt Nimm genannt dei dest Joer wäerten zu Réiser um Rock a Field spillen. Do drängt sech bei villen Leit direckt d’Fro op: Spillen Mando Diao och eng Keier an zwouch anescht wei zu Lëtzebuerg? Ech wees jo net wei eng Grupp den Rekord vun Concert’en bei eis hällt, mee ech geing soen datt d’Schweden net wäit dovunner ewesch sin fir deen ze knacken. Wann ech mech net ieren wier daat deen 4. Optrëtt innerhalb vun manner wei 3 Joer (??)… Egal, sie wessen wei en Stemmung mecht.
Mando Diao - Down in the Past (Live)
Soit, ech warden nach op en Headliner, well The Verve an Babyshambles kann jo nach net alles sin. Mäin Tip: The Chemical Brothers. Jo, an dann ass och rem mat letzebuergescher Musek ze rechnen am “Virprogramm”.
Ech soen et direckt wei et ass: ech hun d’Stereophonics einfach gäer. Meng Erwaardungen waren demno och zimlech héich wou bis eraus komm ass datt sie géingen an d’Kufa kommen. Mee ganz éierlech, 38 €…?! Wei passend dach, dass se 2 Deeg drop op Bréissel kommen, fir baal 1/3 manner vum Atelier-Präis. Meng Decisoun war séier geholl: 3. März, Kelly Jones a Co. zu Bréissel!
Continue reading ‘Stereophonics @ Ancienne Belgique, Bruxelles’
Samschden, 16. Februar 2008, Hollerecher Strooss. Eng Mass vun Leit dréckt sech an dee Sall eran deen schon souvill gudd Concert’en gesin huet. Dei éischt Virgrupp spillt, d’Leit fänken un mam Kapp mat ze goën, gin lues an lues emmer besser drop. Bei der 2. Virgrupp flippen dei 2 fiischt Reihen aus, d’Stëmmung kann baal net besser gin. De Sall ass schon voll, an de Balcon gett opgemeet fir dass d’Leit mei Plaatz hun, mee och deen ass séier sou gudd wei voll. An beim Main-Act gett matgesongen, gedanzt, geklappt, Zugabe geruff, eng Well vun Euphorie geet duerch d’Leit…
Continue reading ‘D’Musikszene zu Letzebuerg – Eng Momentopnahm’
| M | T | W | T | F | S | S |
|---|---|---|---|---|---|---|
| « Nov | ||||||
| 1 | ||||||
| 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
| 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
| 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
| 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
| 30 | 31 | |||||